Profil vun der Entreprise
D‘USU Software AG bitt zënter 1977 weltwäit Software a Servicer fir IT- a Customer Service Management un. D‘USU Software AG huet hiren Haaptsëtz zu Möglingen an Däitschland. Mat deene verschiddenen Entreprisen vun der USU erméglicht sie Clienten d‘Digitaliséierung an Automatiséierung vun alle Prozesser, déi fir d’Plangen, den Entworf, de Betrib, d’Steierung, d’Notzung an d‘Ofrechnung vun Déngschtleeschtungen noutwendeg sinn.
Mat Wierkung zum 28. Januar 2021 trëtt d‘USU-Duechter Aspera ënnert deem eenheetleche Markennumm USU op. USU ass weltwäite Maartleader am Beräich Software Asset Manage-ment (SAM) an erméiglecht Entreprisen den Asaz vu SAM Léisunge fir eng käschteneffizient Softwarebereetstellung.
Partner
Mir sinn USU Gold Partner.
USU als Deel vun de SCHNEIDER IT MANAGEMENT Managed SAM Services
Mat eise Managed SAM Services geréiere mir Äre Software-Portefeuille transparent. Eisen erproufte SAM Framework verbënnt organisatoresch, technologesch a kontraktuell Aspekter an engem integréierten Usaaz.
Aus technologescher Siicht geet et eis bei der Datenerfaassung net nëmmen ëm Softwareer-kennung a Lizenzmanagement. Bei On-Premises-Software besteet fir Entreprisen ee relativ héije Risiko, ënnerlizenséiert ze sinn. Mat der Aféierung vun Online Services a browserbaséier-ten Uwendunge musst Dir déi effektiv Notzung kontrolléieren an iwwerwaachen, fir eng Iwwerlizenzéierung ze vermeiden. Eng entspriechend Plattform mat enger zentraler Date-bank ass onerlässlich.
D‘Häerzstéck vun eisen Managed SAM Services ass den USU License Management (SmartTrack) als Är Dateplattform.
Mat eisen éischtklassegen All-inclusive Managed SAM Services wäert Dir
- Zäit spueren, well mir Iech vun der Gestioun vun Ärem Software-Portefeuille entlaaschten, fir dass Dir Iech op Äert Haaptgeschäft konzentréiere kënnt
- Sue spueren duerch d‘Optiméierung vun Ärem Total Cost of Ownership an déi effizient Ges-tioun vun Ären Online Services a Software-Lizenzen
- voll Transparenz a Kontroll iwwer Är Software an Online Services Assets gewannen.
Kontaktéiert ons fir eng gratis Demo vun onse Managed SAM Services, wann Dir Zäit a Sue spuere wëllt.